I have decided to use this account again. I will be more careful about who I follow though.
Expect way more posts about what I enjoy and boosts for nsfw artists because the entire Collective Shout situation has made clear to me that adult art and porn are under attack.
Do not trust puritans cosplaying as feminists. They do not have your best interests in mind.
@stefan I guess it's one way of putting it.
@weebdeluxe Hunn nach ni dovun héieren oO
Gëtt et eng gutt Opaarbechtung vun där Collective Shout Story do? Sou e klengt Weekend Rabbit Hole géif mir scho gefalen.
@weebdeluxe Hm, jo dat Slippery Slope Argument ass staark.
Ech hu sou 0 Kontakt mat sou adult games, ech hu mol ni sou en dating sim gespillt. Seet mir guer net zou. Mee ass d'Rate vu slob Games net mega héich an där Kategorie? Well ech ka scho verstoen, dass ee géint slob Games virgoe wëll, fir e gewëssen Niveau oder Standard op senger Plattform anzehalen.
Déi konservativ Moral Panic Situatioun mécht scho Suergen.
@kriskrosso Ech mengen, du verschätz dech do zimmlech.
Déi Organisatioun wëll Pornographie komplett verbidden ënnert dem Virwand vu Kanner a Fraeschutz.
Eroge (erotesch a pornographesch Spiller) sinn en éischte Schrëtt. Do gi fir d'éischt déi Fetischen a Kinks cibléiert, déi kee verteidege wëll. An da kënnt de ganze Rescht hannendrun.
Ënnert dem Strëch gi fréier oder spéider all LGBTQI Inhalter mat getarget. Dat leeft ëmmer esou.
Op itch si wichteg Spiller vun LGBT Maacher einfach verschwonnen, well se eben och sexuelle Content hunn.
Déi Orga huet och aner net Eroge Videospiller ugegraff.
An et ass ni ze vergiessen: ganz vill Sexworker kommen aus dem LGBT Beräich. Dëst ass eng Attack géint Konscht, Meenungsfräiheet a Grondrechter .
@kriskrosso P.S. Den Eroge dee wierklech jidderee gespillt soll hunn ass Song of Saya. Do gëtt et och eng Versioun ouni déi zwou Sexszeenen.
@weebdeluxe Dat passt an déi aktuell Dynamik, wou eis Acquisen aus de leschte Joren, déi ville Leit méi Fräiheete ginn hunn, vun alle Säiten ënner beschoss stinn. De Rietsruck ass real an d'Leit kucken all ewech.
@kriskrosso Pornoen sinn ëmmer e mega liicht Zil, well et mega krass tabuiséiert ass.
Ech hu kee Probleem domat, oppen doriwwer ze schwätzen, wat éischter ontypesch ass an och scho ganz séier op krass Ofleenung stousse kann.
Eleng de Fakt, datt ech fir Pornographie bezuelen, irritéiert Leit maximal.
@weebdeluxe Grad elo duerch d'Liberaliséierung vu Pornographie duerch OF ass et effektiv verwonnerlech, dass net méi driwwer geschwat gëtt. Wier u sech en interessant Summerlach Thema 🤔
@kriskrosso ech sinn ëmmer nees iwwerrascht, datt sech nach keen eiser grousser Onlyfans/Fansly-Star ugeholl huet. Déi jonk Fra huet op Messen riseg Schlaangen a Crowds vu Leit um Stand.